Dem russesche Verdeedegungsministère no wier e grousst Metallwierk viséiert ginn, dat d’ukrainesch Rüstungsindustrie belieft.
Och aus der Géigend vu Kiew goufen an der Nuecht Aschléi vu russeschen Drone gemellt. Gläichzäiteg huet Russland matgedeelt, datt 59 ukrainesch Dronen ofgefaange gi wieren.
D’Zuel vun den ofgefaangenen Dronen ass relativ niddreg. Dat kéint dorop hindeiten, datt d’Ukrain – wéi ugekënnegt – am Virfeld vun der Rees vun den US-Vermëttler eng Paus anhält.
Wittkoff a Kusher sollen op Moskau a Kiew reesen
Den US-Spezialemissär Steve Wittkoff an de Jared Kushner, Eedem vum US-President Donald Trump, ginn um Samschdeg zu Moskau erwaart. E Sonndeg solle si fir d’éischte Kéier Kiew besichen. Dat hat den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj ugekënnegt.