Präishaussen op den Tankstelle sinn an den USA immens onpopulär, besonnesch esou kuerz virun de Mid-Term-Walen am November.
Den Donald Trump hat gëschter iwwerraschend ugekënnegt, datt d'Ukrain a Russland sech engagéiert hätte fir keng Energie-Infrastrukture méi géigesäiteg ze bombardéieren.
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet déi Ausso awer relativéiert. Hënt goufen et iwwerdeems nees Attacken, ënner anerem huet d'Ukrain Dronen op eng russesch industrieanlag am Süde vu Russland geschoss.