Éisträich hätt probéiert fir beim zoustännege Kommitee vum UNO-Sécherheetsrot eng Ausnam ze kréien, esou den éisträicheschen UN-Botschafter zu Wien.
D‘USA sinn do dogéint gewiescht, well Teheran net genuch mat IAEA-Atom-Inspektere géif zesummeschaffen, esou den US-Ambassadeur. Hie sot, den Iran hätt d‘Konferenz just genotzt fir Propaganda ze maachen.
A Washington gehäit dem Eslami vir, responsabel ze sinn dofir, datt den Iran Uran produzéiert hätt, dee bal duer géif goe fir eng Atomwaff ze bauen.