USA

Néierlage fir Trump: Geriichter kippen Ännerunge fir Bréifwal a fir Journalistevisaen

Zwou Néierlage fir den US-amerikanesche President Donald Trump: Den ieweschte Geriichtshaff huet elo eemol festgehalen, datt déi nei Reegele fir d‘Bréifwale bei de Walen am November net dierfen applizéiert ginn.

auto_stories

1 min

© EPA/AL DRAGO
(Foto: EPA/AL DRAGO)

D'Administratioun ronderëm den Donald Trump hat ee Recours an deem Sënn agereecht. Den Trump wollt, datt just Leit dierfe bei der Bréifwal hir Stëmm ofginn, déi virdru vun den Immigratiounsautoritéiten opgelëscht goufen.

Dem konservative Riichter no wier dat eventuell laangfristeg méiglech, mee bei dëse Wale kéinten d'Bundesstaaten dat net méi ëmsetzen.

Ronn een Drëttel vun all den US-Amerikaner:inne ginn hir Stëmm iwwer Bréifwal of. 

Ännerunge bei Visae fir Journalisten och gekippt 

Eng weider juristesch Néierlag fir d'Trump-Administratioun gouf et dann zu Boston, wou e Bundesriichter d‘Reglementatioun iwwer Visae fir auslännesch Journalisten a Studente virleefeg gekippt huet.

Gewerkschaften, Héichschoulen a Journalisteverbänn hate géint dës nei Reegele geklot. Deemno wier den Openthalt an den USA op 240 Deeg limitéiert.

Dem Riichter no wieren d‘Argumenter vum Ministère fir bannenzeg Sécherheet net nozevollzéien. Dem Land géif duerch d‘Ausschléisse vun auslännesche Studenten awer enorme Schued entstoen.