Krich am Iran

US-amerikanesche Verteidegungsministère gëtt Engpäss bei verschiddene Waffen zou

Den US-amerikanesche Verteidegungsministère huet fir eng éischt Kéier zouginn, datt et wéinst dem Krich géint den Iran zu Engpäss bei verschiddene Waffe komm ass. Dat geet aus engem Rapport vum Pentagon ervir.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Thomas Müller
(Foto: picture alliance/dpa | Thomas Müller)

Dem Rapport no gëtt et duerch d'Militäroperatiounen am Iran Engpäss an der strategescher Reserv an et wier zu Problemer bei der Produktioun komm. Et wieren awer Mesuren ergraff gi fir d'Produktioun nees eropzefueren. 

Den US-President Donald Trump huet esou Engpäss bis elo dementéiert. US-amerikanesche Medien no hätten d'USA awer wéinst den Engpäss op weider groussflächeg Ugrëff géint den Iran verzicht. 

Zënter dem US-israeeleschen Ugrëff op den Iran am Februar wieren iwwerdeems iwwer 50.000 US-Zaldoten am Krich involvéiert gewiescht, geet nach aus dem Rapport ervir.