USA

Präis vum Diesel an USA huet neie Rekord erreecht a kéint Mid-Term-Wale beaflossen

D‘Pëtrolspräisser sinn dës Woch däitlech geklommen wéinst den Entwécklungen am Jemen an am Hormus-Passage. De Mëtteg läit den europäesche Brent bei ronn 104 US Dollar de Barrel. Am Verglach zur leschter Woch ass et eng Hausse vun iwwer 13 Prozent.

auto_stories

1 min

picture alliance / pressefoto_korb | Micha Korb | © picture alliance / pressefoto_korb | Micha Korb
Symbolbild Pëtrolspräisser (Foto: picture alliance / pressefoto_korb | Micha Korb)

An den USA klëmmt op de symbolesche Seuil vu 6 Dollar fir e Gallon. Dat si ronn 3,78 Liter.

Den héijen Dieselpräis ass ganz onpopulär an den USA a kéint eng Roll spillen bei de sougenannte "Mid-Term"-Walen am November. Do ginn all déi 435 Sëtz vum Repräsentantenhaus a ronn een Drëttel vun de Sëtz am Senat nei gewielt. D‘Ëmfroen daiten den Ament op Gewënner fir d‘Demokraten hinn.