Am Oman hätten haut sollen d'Ausseministere vun de Staate ronderëm de persesche Golf zesummekommen fir iwwer ee méigleche Fridden am Noen Osten ze diskutéieren. Am Virfeld gouf vill Hoffnung an dat Gespréich tëschent dem Iran an dem Oman geluecht.
Dat huet Auswierkungen op de Pëtrolspräis: Dee klëmmt de Moien op iwwer 107 Dollar de Barrel. Enn August war en nach op ënner 90 gefall.
En ass awer nach bei Wäitem net esou héich wéi am Abrëll, no den US-israeeleschen Attacken op den Iran. Do war de Präis fir e Barrel Pëtrol op 126 Dollar geklommen.