Patrizia van der Weken leeft staark Finall a verpasst nationale Rekord nëmme knapp
An der Liichtathletik koum gëschter Owend d‘Patrizia van der Weken an der 100-Meter-Finall vun de World Athletics Ultimate Championships op déi 6. Plaz. Dat mat enger Zäit vun 11.06 Sekonnen.
D'Patrizia van der Weken (ganz lénks) an der Finall vun de World Athletics Ultimate Championships (Foto: picture alliance / BILDBYRÅN | JOEL MARKLUND)
Domadder war si nach emol 2 Honnertstel méi séier wéi an der Halleffinall an ass och ganz no un hirem nationale Rekord. Dee läit bäi 11.00 Sekonnen.
D'Patrizia van der Weken ass iwwerdeems och déi bescht Europäerin an der Finall gewiescht. D'Brittin Amy Hunt huet sech nämlech op der 8. Plaz hanner der Lëtzebuergerin placéiert.
Gewonnen huet d'US-Amerikanerin Melissa Jefferson-Wooden.