Sport

Manner Ekippen: Sportsclibb aus héchsten Divisioune viru groussen Erausfuerderungen

Am Volleyball an am Basket leeft d’Preparatioun op déi nei Saison. Mee an den héchsten Divisioune ginn et ongewinnt Changementer: Ënner anerem den Escher Volleyball hat nämlech ugekënnegt fir d’nächst Saison souwuel bei den Dammen, wéi bei den Hären net méi an der héchster Divisioun unzetrieden.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

© EPA/MARTIN DIVISEK-EPA/FILIP SINGER play_arrow
(Foto: EPA/MARTIN DIVISEK-EPA/FILIP SINGER)

Am Basket war et de Coupegewënner Sparta Bartreng, dee seng Dammenekipp komplett aus dem Championnat zeréckgezunn huet.

Mee firwat?

Den Escher Volleyball an d’Sparta Bartreng wëllen nom Réckzuch vun hire respektiven Ekippen an Zukunft nees ganz uewe matspillen. D’Weeër dohi sinn ënnerschiddlech. Wärend d’Ekippe vum Escher Volleyball probéiere sech an Zukunft erop ze schaffen, hofft d’Sparta Bartreng fir d’Saison 2027/2028 iwwerhaapt erëm eng Dammenekipp op d’Bee stellen ze kënnen.

All Weekend verléiere mécht kee Spaass

Et wier keng einfach Decisioun gewiescht, mee um Enn hätt ee keen anere Choix gehat. Dat betoune souwuel den Arnaud Maroldt, President vum Escher Volleyballclub, wéi och den Yves Germeaux, President vun der Sparta. 

Bei der Härenekipp vum Escher Volleyball hätt een d’Decisioun zesumme mat de Spiller an dem Trainer geholl, erkläert den Arnaud Maroldt. D’Ekipp hat an de leschte Joren ëmmer nees géint den Ofstig gekämpft an hätt dës Saison keng kompetitiv Ekipp kënnen opstellen.

"Et ass och net flott fir Jonker, wa si dann all Weekend oder all zweete Weekend géint eng staark Ekipp spillen an se verléieren 3-0 an no enger Stonn an zéng Minutte si si geduscht a si kënnen nees heemfueren. An och do, wou mir soten, okay mécht dat Sënn, ass dat flott fir eis Ekippen?"

An enger méi niddereger Divisioun kéinten déi jonk Spillerinne sech besser entwéckelen an hätten och méi Spaass, esou den Arnaud Maroldt, dee réischt zënter Dezember d'lescht Joer President ass.

Mat 8 Spillerinne kann ee keng Saison starten

D'Fraenekipp hätten dogéint direkt fënnef Spillerinnen an den Trainer verlooss, ouni de néidegen Ersatz.

"Wou mir da gesot hunn, et ass vläicht awer dat Bescht, datt mir soen: 'Okay, mir maachen en Neistart'."

Och bei der Sparta Bartreng, déi d'lescht Joer nach d’Coupe am Dammebasket gewonnen hat, wiere vill Spillerinne gaangen, erkläert hire President Yves Germeaux. 

"Wa mir gekraazt hätten, wiere mir op knapp aacht Spillerinne komm. Dat geet net duer, fir eng Saison unzefänken, well do huet een dann all Weekend d'Suerg, dass een e Forfait-Match muss maachen. Eis Suerg war net, dass mir vill géife verléieren oder dass mir géifen ënne spillen."

Esou Situatioune kommen nëmmen all 30 Joer vir

Um Enn hätt engem d’Zäit gefeelt fir déi néideg Transferten ze maachen, esou de Sparta-President. Grad ewéi säin Homolog am Volleyball, den Arnaud Maroldt, mengt och den Yves Germeaux net, datt d’Situatioun inevitabel war. Schlussendlech wieren einfach vill Saachen zesummekomm.

"Ech mengen, dat ass eppes, dat kënnt vläicht all 30, 40 Joer vir. Hei ass et virkomm an dunn huet et eis eeben esou getraff."

D’Grënn firwat et bei béide Veräiner souwäit komm ass, géifen awer warscheinlech nach méi déif leien, menge béid Presidenten. Fir den Arnaud Maroldt, dee selwer laang Joren zu Lëtzebuerg am Club an an der Nationalekipp Volleyball gespillt huet, géifen d’Spiller méi egoistesch denke wéi nach virun e puer Joer.

"Wa si an engem Veräin dat fannen, wat si wëllen. Dann ass et gutt fir si, mee wa si net méi dat fannen, wat si selwer wëllen, da gi si éischter. Dann ass et fir si wesentlech méi einfach, hautzedaags an en anere Veräin ze wiesselen, wéi am Veräin ze bleiwen a probéieren eppes ze änneren."

Ze wéineg Perspektiven demotivéieren

Am Basket ass d’Sparta net den eenzege Veräin, dee seng Dammenekipp zeréckgezunn huet. An de leschte Joren hu scho Walfer, Ettelbréck an de Gréngewald déi héchst Divisioun fräiwëlleg verlooss. Jonk Spillerinnen hätt dacks d’Perspektiv gefeelt, mengt den Yves Germeaux.

"Do ware wéineg lëtzebuergesch Talenter, déi do iwwerhaapt nëmmen d'Méiglechkeet haten ze spillen. A wann déi Jonk dat gesinn, da soen si mir: 'Jo, da ginn ech léiwer op d'Uni a spillen do Basket.'"

De Sparta-President weist sech dofir erfreet, datt an Zukunft just nach zwou auslännesch Spillerinne pro Ekipp dierfen um Terrain stoen. Dat géif de lëtzebuergesche Spillerinne méi Plaz gi fir sech ze entwéckelen a Spillzäit ze kréien.

De Meedercher a Fraen eng Plaz am Club ginn

D’Veräiner misste sech awer och bei der eegener Nues pake seet den Yves Germeaux.

"Datt een als Club, déi richteg Coachen, dee richtegen Encadrement huet an datt d'Meedercher d'Gefill hunn, datt si hir Plaz am Club hunn."

Béid Veräiner wëllen hir Jugendaarbecht an Zukunft nei organiséieren. Jugendlecher solle besser un de Veräi gebonne ginn a Perspektiven an enger éischter Ekipp kréien.

Mee déi éischt Ekipp wier just d’Spëtzt vum Veräin, esou béid Presidenten. Eng zweet oder drëtt Ekipp, grad ewéi Jugendspiller a Benevollen, wieren op d’mannst genee esou wichteg fir de Club.

Lauschterenplay_arrow