Iwwert d‘100 Meter war d‘Patrizia van der Weken an 11.08 Sekonnen, 15/100el méi lues wéi d'Gewënnerin Tina Clayton aus Jamaika.
Op den 3.000 Meter Steeple war de Ruben Querinjean an 8:11.97 Minutten, 3,3 Sekonne méi lues wéi den Äthiopier Gemechu Godana.
D'FLA huet sech op Facebook ganz zefridde mat de Leeschtunge vun de béide Lëtzebuerger Sportler gewisen:
"Très belle soirée pour l’athlétisme luxembourgeois lors de la finale de la Wanda Diamond League à Bruxelles ! (...) Deux athlètes luxembourgeois au plus haut niveau mondial, face à l’élite internationale."