Sport

Den Akt fir déi nei Ethikkommissioun am Sport gouf haut offiziell ënnerschriwwen

D'CSV-Sportsministesch Martine Hansen, d'DP-Gläichstellungsministesch Yuriko Backes an dem President vum Lëtzebuerger olympesche Comité Michel Knepper hunn haut den Akt fir déi nei Ethikkommissioun ënnerschriwwen.

auto_stories

1 min

(de g. à dr.) Loïc Hoscheit, directeur de l'ALAD ; Martine Hansen, ministre des Sports ; Yuriko Backes, ministre de l'Égalité des genres et de la Diversité ; Michel Knepper, président du COSL | © COSL
(de g. à dr.) Loïc Hoscheit, directeur de l'ALAD ; Martine Hansen, ministre des Sports ; Yuriko Backes, ministre de l'Égalité des genres et de la Diversité ; Michel Knepper, président du COSL (Foto: COSL)

Déi nei Ethik Kommissioun wier Deel vun er neier nationaler Integritéitspolitik am Sport, déi am Mäerz virgestallt gi war, heescht et an engem Communiqué.

No der Affär Rodrigues 

D‘Kommissioun huet ënner anerem d‘Roll, Avisen a Recommandatiounen op Basis vun der national Ethiker Charta eraus ze ginn. D‘Besetzung vun der neier Ethik Kommissioun am Sport soll de 6. Oktober bekannt ginn, bei der nächster Sëtzung vum Verwaltungsrot vun der Agence fir Integritéit am Sport.

D'Grënnung vun der Ethikkommissioun war no der Affär ronderëm de Gerson Rodrigues ugekënnegt ginn. De Gerson Rodrigues war fir d'Nationalekipp nominéiert ginn, obwuel hien an zweeter Instanz wéinst ënner anerem haislech Gewalt géintiwwer senger deemoleger Partnerin verurteelt war. Dëst hat fir vill Kritik gesuergt.