Vëlo

Tour de Luxembourg: Spéit Startzäite solle méi Leit unzéien an eng Etapp am Éislek

Beim Tour de Luxembourg erwaarden d’Organisateure sech wéinst méi spéide Startzäite méi Spectateuren. Verschidden Etappen géifen eng bis zwou Stonne méi spéit ufänken, an doduerch géif een an der Primetime vun den Tëleeschaîne leien, esou den Andy Schleck, Direkter vun der Vëloscourse.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

Benoit Theisen, Andy Schleck, David Brito | © Pit Beffort play_arrow
Benoit Theisen, Andy Schleck, David Brito (Foto: Pit Beffort)

Den Andy Schleck denkt och, datt duerch déi méi spéit Arrivée, méi Spectateuren de Wee no der Aarbecht op de Parcours wäerte fannen. Bei dëser Editioun, déi fënnef Deeg laang dauert, fiert den Tour de Luxembourg, dann och e wéineg méi am Éislek wéi gewinnt.

Och den Éislek kritt seng Etapp 

Exemplaresch dofir wier déi drëtt Etapp, déi vu Wolz op Dikrech geet, erkläert den Andy Schleck.

"Esou héich am Land hate mer nach ni en Depart. Et war eis awer wichteg, wierklech eng Éislek-Etapp eng Kéier ze maachen. Mir hunn e wonnerschéint Land, mee den Tour konzentréiert sech an deene leschte Joren oft méi op den Osten an op de Süde vum Land. Do hu mer probéiert wierklech am Norde fortzefueren an am Norden unzekommen."

Dat hätt ee mat der drëtter Etapp hikritt. 

"Zu Wolz ass den Depart an da maache mer eng Boucle bis op Wäiswampech éier mer dann nees zeréck erof op Dikrech fueren."

Esouwäit de President vum Tour de Luxembourg Andy Schleck. Déi éischt Etapp vum Tour de Luxembourg gëtt nächste Mëttwoch gefuer.

D'Strecke vun deenen eenzelnen Etappe fannt Dir hei

Lauschterenplay_arrow