Fussball

FIFA-President Gianni Infantino kandidéiert trotz massiver Kritik nees als FIFA-Chef

De FIFA-President Gianni Infantino huet konfirméiert. datt hien trotz massiver Kritik nees kandidéiert fir d‘nächst Joer als Chef vum Weltfussball-Verband erëmgewielt ze ginn.

auto_stories

1 min

© EPA/CHRIS TORRES
(Foto: EPA/CHRIS TORRES)

Den Gianni Infantino ass besonnesch ënner Drock gerode wéint sengem gescheiterte Plang, privat Investisseure bei der Weltmeeschterschaft zouzeloossen.

Déi europäesch Fussballsunioun UEFA wëllt weiderhi verhënneren, datt hie beim FIFA-Kongress d'nächst Joer als President erëmgewielt gëtt.