97. Braderie

Braderie an Zäite vum Onlinehandel: "Si siche Berodung, si sichen d'Wuer unzepaken"

D’Stater Braderie start haut de Moien an hir 97. Editioun. Vun 09:00 bis 19:00 Auer den Owend maachen am Ganzen 192 Commerçantë mat. Fir de Stater Geschäftsverband bleift d’Braderie och an Zäite vum Onlinehandel e wichtegt Evenement.

auto_stories

2 min

© GilPe / Wikimedia Commons / Creative Commons Attribution-Share Alike 4.0 International license.
(Foto: GilPe / Wikimedia Commons / Creative Commons Attribution-Share Alike 4.0 International license.)

D’Akafsgewunnechte vun de Clienten hu sech an de leschte Jore staark verännert, mee fir d’Mireille Rahmé, Presidentin vum Stater Geschäftsverband, kann den digitale Shopping de physesche Commerce net ersetzen. 

"Eng Braderie ass eng Traditioun. (...) Dir gitt an e Geschäft, dir gitt beroden: Geet déi Faarf mir, ass dat déi richteg Gréisst, soll ech dee méi kleng kafen, dréckt de Schong oder kraazt de Pullover? Dat kënnt Dir net am Onlinehandel hunn."

Dëst Joer sinn 146 Stänn an der Uewerstad a 46 am Garer Quartier dobäi. E puer manner wéi d’lescht Joer. 

Direkt Berodung als grousse Virdeel

D'Nadine Berend, Stater Geschäftsfra, erkläert am 100,7-Interview, datt d'Braderie sech am Laf vun der Zäit verännert huet, ënner anerem well d'Leit net méi fräi kréien. Deemno géifen d'Leit elo virun der Aarbecht oder wärend der Mëttespaus luusse kommen, erkläert d'Nadine Berend, Gérante vun der Boutique Richy. 

"Dat ass dat eenzegt am Fong, wat geännert huet. Déi Leit, déi eng Braderie gären hunn, déi kommen nach ëmmer op d'Braderie."

Den Onlinehandel kéint net dat selwecht bidde wéi déi klassesch Geschäfter. Et géif ee genee esou weider maachen, wéi een et och scho virum Opkomme vum digitalen Akafe gemaach hätt. Et hätt een nämlech virun allem ee grousse Virdeel, seet d'Nadine Berend. 

"Dat ass Berodung un de Client. An et ass och dat, wat d'Client bei eis sichen. Si sichen d'Berodung, si sichen d'Wuer unzepaken, d'Qualitéit ze gesinn. An ech mengen, duerfir si mir nach ëmmer do."

De Leit hirt Kafverhalen hätt sech an deem Sënn geännert, datt d'Leit méi konkret a geziilt no Saache sichen, well si de Schaf voll hunn, erkläerrt d'Nadine Berend nach weider. 

Lauschtert hei de ganze Bäitrag live vun der Braderie