D'Sanéierungsaarbechte wieren esou gutt wéi ofgeschloss, seet de Buergermeeschter Ben Ries. D'Gebai wier elo am Zoustand vun engem Réibau.
Niewent dem Opbau ass och nach eng Erweiderung vum Gemengenhaus geplangt. D'Ausschreiwung dofir soll dësen Hierscht ufänken. Dës wier komplex, seet de Ben Ries. De gréissten Deel vun de Käschte vum Erëmopbau géif vun der Assurance iwwerholl ginn. Am Ganze géif d'Haus ronn 12 Milliounen Euro kaschten.
12 Milliounen fir den Erëmopbau
Een Deel misst d'Gemeng awer selwer bezuelen.
"Eise Budget läit bei knapp zwou Milliounen Euro, wat mir musse bezuelen. Mee dat läit awer och dorunner, datt mir mussen anescht bauen, wéi dat 2005, 2006 de Fall war. Mir mussen anescht isoléieren. Mir mussen aner Sécherheetsdispositioune respektéieren, aner Dispositiounen, wat d'Accessibilitéit ugeet."
Och intern wéilt ee sech anescht opbauen, erkläert de Buergermeeschter.
"Wat d'Büroen ugeet, soudatt eng kleng Partie fir eis ass, wat ganz normal ass, an déi gréisst Partie awer dann d'Assurancë géifen iwwerhuelen."
D'Gespär vum Daach vun der Jonglënster Gemeng war Ufank 2024 bei Schweessaarbechten a Brand geroden. Rieds goung duerno vu Sträit mat den Assurancen a vun zéie Verhandlungen.