Police

D'Police mellt ee sexuellen Iwwergrëff op eng mannerjäreg Persoun zu Beetebuerg

Dat mannerjäregt Affer war gëschter Owend géint 21:00 Auer zu Beetebuerg an der Rue Marie-Thérèse zu Fouss ënnerwee wéi eng onbekannt Persoun d'Kand vun hanne festgehalen an am Intimberäich ugepak huet.

auto_stories

1 min

© picture alliance / CHROMORANGE | Udo Herrmann
(Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Udo Herrmann)

No sengem Ugrëff ass den Täter mat enger E-Trotinett fortgefuer. 

D'Police huet eng Enquête lancéiert.