Gemeng Esch

Nächste Mëttwoch ginn d'Nofollger vun dräi Escher Schäffen designéiert

Déi dräi Schäffen Pim Knaff, Meris Sehovic an André Zwally bleiwen nach esoulaang an hirer Fonctioun bis hir Nofollger vereedegt sinn. Hir Successeure sollen nächste Mëttwoch an enger Gemengerotssëtzung designéiert ginn.

auto_stories

1 min

Gemeng Esch | © https://administration.esch.lu/
Gemeng Esch (Foto: https://administration.esch.lu/)

De Pim Knaff an de Meris Sehovic bleiwen nach weider als Conseiller am Escher Gemengerot. Den André Zwally zitt sech den 30. September ganz aus der Gemengepolitik zeréck.

Datt si zerécktriede war scho bekannt an hir Demissioun ass beim Buergermeeschter eragereecht ginn. De Buergermeeschter huet hir Demissioun elo un den Inneminister weidergereecht, deelt d'Stad Esch mat.