New York

Grand-Duc Guillaume wäert Ried op der UNO-Generalversammlung halen

De Grand-Duc Guillaume hält d‘nächst Woch bei der UNO zu New York eng Ried. Hien ass vun e Sonndeg bis nächste Mëttwoch op Aarbechtsvisitt zu New York. Dat am Kader vun der 81. Sessioun vun der Assemblée générale vun der UNO. 

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Harald Tittel
(Foto: picture alliance/dpa | Harald Tittel)

Do soll hien dann nächsten Dënschdeg, am Kader vun der Generaldebatt d‘Positiounen an d‘Prioritéite vu Lëtzebuerg iwwert déi grouss international Enjeue presentéieren.

De Grand-Duc Guillaume gëtt begleet vum Vize-Premier an Ausseminister Xavier Bettel a soll zu New York och den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres gesinn. Et sinn och eng Rei Entrevuë mat anere Staatscheffe geplangt.

Um Programm steet och eng Renconter mat der Lëtzebuerger Communautéit zu New York an eng Visitt vum Ground Zero, wou de Grand-Duc eng Gerbe fir d‘Affer vum 11. September néierleet.