E Sonndeg wëllt hie mat der CDU-Spëtzt iwwer d’Walresultater diskutéieren. Uganks der Woch sinn zu Berlin weider Parteisëtzunge geplangt.
Bei der UN-Generalversammlung gëtt Däitschland elo vum Ausseminister Johann Wadephul vertrueden. Erwaart ginn do och ënner anerem d‘Staats- a Regierungscheffen aus der Ukrain, Frankräich an Israel. Russland a China wäerten net vun hire Staatscheffe vertruede sinn.