Egal ob et de Geroch vun den Ofgasen ass, de Kaméidi vun de Motoren oder d’Autoen déi sech iwwerschloen: Fans vum Automobilsport sinn zu Rammerech op hir Käschte komm.
"Ech hunn den Adrenalin gäre vun den Autoen, wann déi anenee knuppen an einfach hei duerch den Dreck fueren an dee Geroch ass einfach gäil."
Wäit iwwer 100 Leit hate sech ronderëm de Bullis-Circuit versammelt. Verschiddener hate Campingsstill matbruecht a sech op d’Remorke gesat, déi als Tribün funktionéieren. Déi meescht Spectateure kommen zënter ville Jore schonn op de Stock-Car.
Anerer sammelen éischt Erfarungen. Esou och eng Mamm mat hiren dräi Kanner, déi aus der Belsch op Rammerech gefuer si fir sech d'Spektakel unzekucken.
"Pour l'ambiance, je ne sais pas, c'est la première fois. On connaissait pas du tout, on vient juste voir à quoi ça ressemble."
20 Mol driften d’Autoe pro Course direkt virun de Spectateuren duerch d’Kéiere, bis datt de Bulli duerch d’Géigend sprutzt. Net just d’Spectateure si begeeschtert dovun. Och d’Pilote selwer hätte vill Spaass op der Pist, seet de Sven Conrad vum Racing Team Power Bulls Préizerdaul.
"Du däerfs mol Saache maachen, déi s de soss op der Strooss net däerfs maachen."
A genee dat géif him extreem vill Spaass maachen.
Heiansdo hänkt d'Rad "op hallwer 7"
An engem Stock-Car iwwer de Circuit ze jauwe wier usech net vill aanescht wéi an engem normalen Auto ze fueren, fënnt dem Sven Conrad säin Équipier Rick Theisen. Et wiere just aner Sëtzer a Gurter, an et hätt een e Kask un.
"Um Start muss een da wéi bei der rouder Luucht ufueren, de Bulli kënnt geflunn an da muss een einfach just 'Augen zu und durch'. Et muss ee gefaasst sinn, datt ee vun hannen eng Kéier getéckt oder gedréit ka ginn oder, schlëmmste falls op den Daach geheit gëtt."
Op den Daach geheit gouf de Rick Theisen an der éischter Course vum Dag zwar net, mee awer hat hien no der Course e Schued u sengem Auto ze bekloen, well hie vun engem Konkurrent ofgeschoss gouf.
"Ech sinn an den Hiwwel eragedréckt ginn an do doduercher ass mäin Auto ofgehuewen an den Amortisseur, ass duerch d'Axe fusée duerchgeschloen. Dat heescht, hanne stoung d'Rad komplett op hallwer 7."
Direkt no der Course ass dann den Asaz fir d’Mecanicienen. Iwwerall, wou een hikuckt, gëtt geschrauft, gehummert, gerappt a gezunn, fir den Auto prett ze maache fir déi nächst Course.
Stroossenautoen, déi net méi erëmzeerkenne sinn
Grad ewéi d’Piloten afferen och d’Mecanicienen hir Fräizäit um Stock-Car. Et wier en Hobby wou ee muss wëllen dreckeg ginn, erzielt ee vun hinne mat uelegbeschmierten Hänn an engem Pullover voller Bulli.
"Ech hunn einfach ëmmer Spaass drun. Et ass faszinéierend, wat déi al Mecanicienen deelweis weisen. Déi hunn Tricker drop, wou ee sech als Jonke seet: 'Oh, dat mécht d'Saach zéng Mol méi einfach.'"
D’Stock-Cars un deenen d‘Mecaniciene fréckelen, gesi bei Wäitem net méi aus wéi Stroossenautoen, mee nawell wieren et der emol gewiescht, erkläert de Sven Frank, Pilot beim Murhpy’s Racing Team.
D’Vergaangenheet vu sengem gréng-schwaarze Stock-Car mat der Nummer 167 kennt de Sven Frank ganz genee.
"Dat do war en Toyota Celica. Deen hu mir ausernee geholl, d'Fënsteren eraus, et kënnt ee Sécherheetsbigel dran an et gëtt e bëssen hei verstäerkt, do verstäerkt, all esou Geschichten."
Um Enn bleift nieft der Karosserie an dem Motor quasi just nach e Sëtz an e Steierrad iwwereg. Nawell géif de Sven Conrad sech sécher fillen.
"Do hu mir e ganz staarkt Team, dat alles dru gëtt, datt ee sécher ass. Also et gëtt no all Mënsch hei gekuckt. Mir hunn hei bomme Sëtzer dran, da fillt ee sech sécher, also ech hat nach ni Angscht."
Angscht huet och kee vun de villen engagéierten Hobby-Piloten, datt hir Passioun geschwë kéint verschwannen. Am Laf vun de Joren hätten zwar eng Partie Stock-Car-Veräiner opgehalen, erkläert de Sven Frank. Mee et géif ëmmer nees Leit ginn, déi sech voller Begeeschterung an den Auto sëtzen oder dru schrauwen.