National

De Findel réckelt ëmmer méi an den Zentrum vum internationalen Drogenhandel

De Findel gëtt ëmmer méi als Transitpunkt fir den internationalen Drogenhandel genotzt. Dat mellt déi däitsch Presseagence dpa haut a liwwer eng Partie Zuelen.

auto_stories

1 min

© Administration des douanes et accises
(Foto: Administration des douanes et accises )
Zejoert Joer hu Police an Douane insgesamt bal 2,3 Tonne Marihuana, méi wéi 870 Kilo Kokain, ronn 100 Kilo Haschisch a bal 74 Kilo Meth saiséiert.
Zënter zejoert hätt et an deem Beräich also eng däitlech Hausse ginn. Der Police no hätt et virdrun nëmmen eenzel Fäll ginn, heescht et nach op der dpa haut.