Stagen

Neie Kader soll medezinesch Ausbildung zu Lëtzebuerg stäerken

No iwwer dräi Joer Verhandlunge gouf elo een Accord fir déi klinesch Stagë vun den Dokteren an der Spezialisatioun fonnt, fir ee gemeinsame Kader ze schafen . Dat deelen de Gesondheetsministère an den Héichschoulministère an engem Schreiwes mat.

auto_stories

1 min

© M3S
(Foto: M3S)

Den Accord soll d‘Ausbildung elo besser strukturéieren, andeems d‘Bedéngungen, d‘Modalitéiten an d‘Bezuelung vum Stage kloer gereegelt sinn. No zwee Joer ass eng Evaluatioun vum neie System virgesinn. 

Dës Mesurë sollen dobäi hëllefe Lëtzebuerg als Standuert fir déi medezinesch Ausbildung méi attraktiv ze maachen.