Wirtschaft

Verteidegungs-Industrie soll e legale Kader kréien

D'Regierung wëllt e legale Kader fir d'Verteidegungs-Industrie zu Lëtzebuerg schafen. De Wirtschaftsminister Lex Delles huet dozou gëschter am Regierungsrot e Gesetzesprojet virgestallt, deen d'Produktioun vu Verteidegungs-Produite méi kloer reegele soll.

auto_stories

1 min

Lex Delles | © European Union
Lex Delles (Foto: European Union)
Deemno mussen Entreprisen an Zukunft een obligatoreschen Agrement vum Wirtschaftsministère kréien. Deen iwwerpréift dann och d‘Honorabilitéit vun de Responsabelen, d‘Struktur vun den Entreprisen an d‘Sécherheet vum Stockage 
 
De Gesetzestext kënnt am Kader vun der neier Defensestrategie an de Virschrëfte vun der NATO.