Fleegeversécherung

Finanzsituatioun vun der Assurance dépendance wier stabil, mee et misst een oppassen

D‘Assurance dépendance zitt e positive Saldo an Héischt vu ronn 48 Milliounen Euro fir d‘Joer 2025. Dat wier allerdéngs ee Réckgang géintiwwer dem Iwwerschoss vun 2024. D‘Reserv vun der Assurance dépendance läit elo bei 610 Milliounen Euro.

auto_stories

1 min

© Bigstock / Chinnapong
(Foto: Bigstock / Chinnapong)

D'CNS ënnersträicht, datt d'Finanzsituatioun kuerzfristeg stabil ass, warnt awer, datt den demographesche Wandel, méi Beneficiairen an d'Zounam vu chronesche Krankheeten d'Ausgaben an Zukunft däitlech kéinten an d'Luucht dreiwen.