National

LSAP iwwer de Luc Frieden: "Mir hunn deen onbeléiftste Premier ever!"

D’LSAP-Fraktioun huet bei hirem Bilan vum parlamentaresche Joer de Luc Frieden an déi ganz CSV-DP-Regierung kritiséiert: "Mir hunn deen onbeléiftste Premier ever", esou d’Fraktiounscheffin Taina Bofferding. Et géif schéngen, datt d’Resultater vum Politmonitor d’CSV relativ nervös maache géifen.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

© Serge Kesseler play_arrow
(Foto: Serge Kesseler)

D’Kritik um Luc Frieden sengem Leadership a sengem Krisemanagement kéim och aus den eegenen CSV-Reien, behaapt d’Oppositiounsfraktioun. De Problem vun der Regierung wier, datt si ëmmer réischt géif reagéieren, wann Drock do wier. Esou géif ee kee Land féieren, huet d’Taina Bofferding kritiséiert. 

Besonnesch an der Steierpolitik an an der Ëmverdeelung missten een Ëmdenken a strukturell Reforme kommen.

"Fir eis ass definitiv elo de Moment, fir Lëtzebuerg méi gerecht an och méi liewenswäert ze gestalten. Dat wëll ech och mat engem konkreete Beispill illustréieren, eng Mesure, déi mer och wäerte virschloen, respektiv wou mir och ganz kloer Alternativen op den Dësch nach wäerte leeën. Fir e Salaire vu 75.000 Euro am Joer muss ee bis zu fënnef Mol méi Steiere bezuelen, wéi fir den nämmlechte Montant un Dividenden aus dem Aktiepak."

Dat wier net gerecht, fannen d'Sozialisten. Iwwer d'Besteierung vu Kapital a groussem Verméigen ze schwätzen dierft keen Tabu sinn, esou nach d'Taina Bofferding.

Sozialiste géifen net nëmme kritiséieren

D’LSAP als gréisst Oppositiounspartei hätt an de leschten zwee an engem hallwe Joer gewisen, datt si méi kéint, wéi nëmmen ze kritiséieren. An der Chambersessioun 2025-2026 hätt d’LSAP-Fraktioun iwwer 500 parlamentaresch Initiative geholl, huet et bei der Presentatioun vu Bilan geheescht.

 

Lauschterenplay_arrow