Gewerkschaft

Den OGBL fuerdert op en Neits Toiletten op all Terminus fir Buschaufferen

Den OGBL fuerdert e garantéierten Zougang zu Toilettë fir d‘Buschaufferen. D'Gewerkschaft reagéiert domat op eng Äntwert vun der Mobilitéitsministesch op eng parlamentaresch Fro, an där de Manktem un Toiletten unerkannt gëtt.

auto_stories

1 min

Eng Opnam vum OGBL-Protest fir op d'Toilettesituatioun fir Buschaufferen opmierksam ze maachen | © Jo Welfringer
Eng Opnam vum OGBL-Protest fir op d'Toilettesituatioun fir Buschaufferen opmierksam ze maachen (Foto: Jo Welfringer)

Den OGBL kritiséiert, datt et ëmmer nach keen Inventaire dovu gëtt, op wéi engen Terminussen et en Zougank zu Toilettë gëtt. D'Gewerkschaft fuerdert konkret Mesuren an e kloren Zäitplang, fir den Zougank zu propperen Toilettë fir alleguer d‘Buschaufferen a Buschauffeschen. 

Schonn zënter längerem mécht den OGBL op dëse Problem opmierksam. Am Mäerz hat een dofir och e Protestpiquet um Kirchbierg organiséiert.