D'Dron war an der Nuecht op en Dënschdeg an de litauesche Loftraum agedrongen. Zënter dem Ufank vum russesche Krich géint d'Ukrain gouf et an de baltesche Staate schonn e puer esou Tëschefäll mat russeschen oder belarusseschen Dronen.
Och an Dänemark war et gëschter zu engem Tëschefall komm. Ee russescht Krichsschëff hat zwou Liichtrakéiten op en Helikopter vun der dänescher Arméi geschoss.