Zënsen

Déi Europäesch Zentralbank erhéicht hir Leetzënsen nach emol ëm 0,25 Prozentpunkten

De wichtegste Leetzëns fir d‘Spuerer a Banke klëmmt deemno vun 2,25 Prozent op 2,50 Prozent. Dat huet déi Europäesch Zentralbank gëschter ugekënnegt. Et ass déi zweet Zënshausse dëst Joer no där am Juni.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

© EPA/MATIAS BASUALDO play_arrow
(Foto: EPA/MATIAS BASUALDO)

D‘Experten hate sech eng weider Hausse erwaart. Dat, well d‘Inflatioun an der Eurozon am August iwwerraschend vun 2,9 op 3,3 Prozent geklommen ass. Domat läit d‘Inflatioun däitlech iwwer der EZB hirem Zil vun 2 Prozent. 

"Dat läit virum allem um Krich am Mëttleren Osten, an deem illegale Krich vu Russland géint d’Ukrain. Den Energie-Schock kéint nach méi intensiv ginn. An den Effekt dovun op aner Präisser kéint méi staark ginn, wéi erwaart. Wann d’Energiepräiser méi laang héich bleiwen, klëmmt och de Risiko vun héijer Inflatioun." 

Den Drock op d’Präisser gëtt et awer och wéinst dem Klimawandel, esou d‘Christine Lagarde. 

"Et gëtt e Risiko, dass wéinst der Klimakris an extreeme Wieder-Evenementer, déi duerch den El Nino verstäerkt kënne ginn, d’Liewensmëttel-Präisser méi staark klammen, wéi erwaart."

Zukunft vun der EZB-Presidentin weiderhin kloer

Déi annoncéiert Zënshausse kéint awer och Wirtschaftswuesstem bremsen. Deen ass an der Eurozon am zweeten Trimester dëst Joer zwar nees liicht ëm 0,4 Prozent geklommen, verschidden Experte warnen awer, datt ze vill héich Zënsen eng Rezessioun kéinten ausléisen.

D‘Christine Lagarde gouf och iwwer hir Zukunft als EZB-Presidentin gefrot. Hiert Mandat leeft am Hierscht d‘nächst Joer of. Mee et gëtt spekuléiert, datt si scho virun de franséische Presidentewalen am Abrëll 2027 wéilt goen, fir dem President Emmanuel Macron d‘Méiglechkeet ze ginn, déi nächst Besetzung vun der EZB-Presidence nach mat bestëmmen ze kënnen. 

"Wann et iergendeppes iwwer mech ze soe gëtt, da gitt dir et als éischt gewuer – no mengen Enkelkanner."

Lauschterenplay_arrow