Mënscherechter

Virgoe vun der Tierkei géint LGBTQ+-Communautéit mécht der EU-Kommissioun Suergen

D‘EU-Kommissioun mécht sech Suergen iwwert déi rezent Festname vun, a Geriichtsprozesser géint LGBTQ+-Aktivist:innen an der Tierkei. Et géif een d‘Situatioun genee suivéieren, esou ee Kommissiouns-Spriecher. Gëschter huet d‘tierkesch Police Dosende Leit an LGBTQ-Caféen an och doheem festgeholl. 

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel)

Rieds geet vun op d‘mannst 63 Interpellatiounen, esou d‘Parquete vun Ankara, Istanbul an Izmir. Zesumme mat de Feministe leeschten LGBTQ+-Aktivist:innen den Haaptwidderstand géint den islamesch-konservative Regimm vum President Recep Tayyip Erdogan. Dee viséiert reegelméisseg d‘LGBTQ+-Communautéit a bezeechent se als "pervers".