D‘EU misst an der europäescher Arktis méi strategesch a proaktiv virgoen, heescht et weider. Zum Beispill soll d‘Iwwerwaachung an den Informatiounsaustausch verbessert ginn.
D‘Signataire wëllen och Investitiounen a Verkéiersweeër, digital Netzer, militäresch Mobilitéit an aner Infrastrukturen u Land zéien.
De Lëtzebuerger Premierminister Luc Frieden war net op de Sommet a Finnland invitéiert.
D'Arktis ass geopolitesch relevant
Geographesch leie virun allem déi nërdlech Deeler vu Finnland a Schweden am Arktisgebitt. Mee och Grönland ass relevant. D‘Insel ass zwar net Deel vun der EU, gehéiert awer zum Kinnekräich Dänemark.
Vun den ëmstriddene Kontrolluspréch op Grönland vum US-President Donald Trump geet am Schreiwes awer net explizit rieds.