Betraff si virun allem d’Ranner awer och Schof a Geessen. An vereenzelte Fäll konnt de Virus och bei Päerd a souguer bei Alpakaen nogewise ginn. De Krankheetsverlaf wier generell typesch, erkläert den Tom Leclerc, Inspecteur Vétérinaire bei der ALVA, op eis Nofro hin.
"Et ass änlech wéi beim Schwëster-Virus Schmaleberg, wou déi Déieren als éischt eng Period Féiwer duerchmaachen, gekoppelt oft un Duerchfall an eng Baisse an der Produktioun, wat besonnesch bei de Mëllechranner dann opfält, well se manner Mëllech produzéieren."
Och Appetitlosegkeet wier ee vun de Symptomer.
"Esou eng Well duerch dee ganzen Trapp zitt sech da meeschtens iwwer zwou bis dräi Wochen an dann ass déi klinesch Period eriwwer."
Generell ass de Virus net déidlech
Eng spezifesch Behandlung géif et net ginn an d’Déiere géife symptomatesch eppes géint d’Féiwer oder den Duerchfall kréien. Bannent zwee bis dräi Deeg wier et dann normalerweis nees gutt.
De Virus géif generell net als déidlech gëllen. An eenzelne Fäll, beispillsweis an der Schwäiz, konnt e bei Päerd déi gestuerwe sinn nogewise ginn.
D’Shamonda Vire géife sech relativ séier replizéieren a ginn iwwer eng bestëmmten Aart blutsaugend Mécken iwwerdroen. Well dës am spéide Summer bis Hierscht an Europa optauchen, ass de Virus eréischt zënter Enn Juli bis Ufank August amgaange mat circuléieren, erkläert den Tom Leclerc.
"Am Ufank war en do nach net, war net bekannt wéi e Virus et wier. An dunn ass en eeben déi éischte Kéier an der Schwäiz nogewise ginn. Doropshin hat dat natierlech eng Kettereaktioun an ass dunn och soss am europäeschen Ausland getest ginn."
Zwou Varianten zu Lëtzebuerg ze fannen
De Virus gouf fir déi leschte Kéier um afrikanesche Kontinent nogewisen. Deementspriechend besteet d’Warscheinlechkeet, datt de Virus duerch déi waarm Period mat de Mécken an Europa komm ass. Momentan wieren zwou Varianten op eisem Kontinent ënnerwee déi tëschent Norden a Süden agedeelt sinn.
Well Lëtzebuerg zentral läit, wieren hei béid Varianten ze fannen. Well et en neie Virus um europäesche Kontinent ass, sinn nach keng Tester en Place, esou den Tom Leclerc.
"Do ginn et awer Studien a mir konnten noweisen, op Basis vun deene Laboresultater, déi mer aus dem Ausland dann hunn, datt ronn zwee Drëttel vun de Betriber hei zu Lëtzebuerg, wou de Verdacht gouf, positiv getest goufen op de Virus."
Elo hätt de Landwirtschaftsministère zesumme mat der ALVA Testkitte kaf, déi réischt zënter Mëtt August erhältlech sinn. Domat kënnen an Zukunft d’Tester zu Lëtzebuerg gemaach ginn an den Intervall tëscht der Prouf an dem Resultat kéint verkierzt ginn.
Zu dësen Zäitpunkt géif et nach keng kommerziell Impfung vir de Virus gi wouduerch net präventiv ka geimpft ginn.