Frankräich

Ze wéineg: Franséisch Bauere kritiséiere staatlech Ënnerstëtzung vun 1 Milliard Euro

Wéinst der Rekordhëtzt an -dréchent ass déi franséisch Landwirtschaft am Krisemodus. Fir d’Baueren ze ënnerstëtzen, huet d’Regierung de Moien op enger Pressekonferenz ee Rettungsplang annoncéiert. Iwwer eng Milliard gëtt investéiert. Ze wéineg, wéi d’Bauereverbänn kritiséieren.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© EPA/Mads Claus Rasmussen DENMARK OUT play_arrow
(Foto: EPA/Mads Claus Rasmussen DENMARK OUT)

De wäermste Summer vun allen Zäiten hannerléisst och seng Spuere bei der Landwirtschaft. Manner Recolte, kee Fudder fir d’Deieren a sëlleg Bränn si just e puer Konsequenzen déi d’Bauere viru gravéierend Problemer stellen.

Zwee Voleten an engem Plang

Der franséischer Landwirtschaftsministesch Annie Genevard no sinn 30.000 bis 35.000 Landwirtschaftsbetriber an akuter finanzieller Nout. Dofir huet d’Ministesch de Moien e Plang annoncéiert fir si ze ënnerstëtzen.

Iwwer 1 Milliard ginn investéiert, de Plang huet zwee Voleten: Direkthëllef an Investissementer. D’Hallschent vun de Sue ginn als Direkthëllef un d’Betriber, 235 Millioune ginn zu engem “Fonds de réarmement agricole” fir Fudder, Som an Dünger ze kafen.

Gewerkschafte schwätze vu Skandal

Och ginn et Steiererliichterungen an Hëllef bei de Sozialbäiträg. Och d’Finanzsprëtz beim Sprit gëtt verlängert. Mat de Sue wëllt een d’Landwirtschaft och besser op de Klimawandel an déi domadder verbonne Bëschbränn preparéieren.

D’Reaktioun vun de Gewerkschaften op dës Annonce ass awer kritesch ausgefall. D’Confédération paysanne sot, et wier e richtege Skandal. D’FNSEA fuerdert, datt de Plang iwwerschafft gëtt. Hinnen no belafe sech d’Schied duerch d’Hëtzt op 10 Milliarden Euro. Fir dës Hëllef ze finanzéieren hat de Premier Sébastien Lecornu ugekënnegt Staatsdepensen ze kierzen an anzefréieren.

Lauschterenplay_arrow