Hëtzt

Bis zu 40 Prozent manner Recolte ass dëst Joer bei der Wäilies ze erwaarden

Ronn dräi Wochen, nodeems d'Lies ugefaangen huet, zitt de staatlechen Institut Viti-Vinicole dëse Bilan. . De méi nidderegen Ertrag géif un der Dréchent an der Hëtzt iwwert d’ganzt Joer leien, seet de President vun den Domaines Vinsmoselle, de Josy Gloden.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

Martine Hansen, Josy Gloden, Claude Wiseler, Leon Gloden | © Max Voncken play_arrow
Martine Hansen, Josy Gloden, Claude Wiseler, Leon Gloden (Foto: Max Voncken)

Schonn ufangs des Jores wier et exceptionell waarm gewiescht, am Summer wier d’Dréchent derbäi komm. Déi zoustänneg CSV-Ministesch Martine Hansen ass sech de klimatologeschen Ëmstänn bewosst, mee weist sech awer optimistesch.

"Et war sécherlech een, zum Deel schwieregt Joer. Mee e war fir d'Drauwen ee ganz gesond Joer, well mer u sech bal keng Pilzkrankheeten haten."

Et kéint een awer vun der fréister Lies jeemools schwätzen. 

"D’Quantitéit ass net ganz vill, et ass vill manner wéi déi aner Joren, mee d'Qualitéit, dat wäert schonn een exzellente Millésime 2026 ginn." 

Och de Josy Gloden vun der Vinsmoselle seet, dass den dréchenen a waarme Summer dozou féiere géif, dass de Wäi vun dësem Joer méi fruuchteg wier a besonnesch vill Alkohol enthale géif.

Martine Hansen | © Max Voncken
Martine Hansen (Foto: Max Voncken)

Lauschterenplay_arrow