Däitschland

Neie Landrat am Krees Bitburg-Prüm: Wat sinn d'Erausfuerderungen an der Grenzregioun?

An der däitscher Grenzregioun Bitburg-Prüm waren de Sonndeg Landrat-Walen. Hei am Äifelkreess ass den SPD-Politiker Nico Steinbach direkt am éischten Tour mat absolutter Majoritéit gewielt ginn. De fréiere Chef vum Landrat war als Regierungspresident op Tréier ofberuff ginn. Et war zu Neiwale komm.

auto_stories

2 min

Nico Steinbach | © Wahlkreisbüro Bitburg
Nico Steinbach (Foto: Wahlkreisbüro Bitburg)

Am 100,7-Interview erkläert de Nico Steinbach, wéi hie sech an engem konservativ gepräägte Landkrees als Sozialdemokrat géint d’Kandidate vun der CDU, AfD a Freie Wähler duerchsetze konnt. Hie wier selwer iwwerrascht gewiescht, datt hien direkt beim éischten Tour gewonnen hätt. 

“Und ich bin aber auch felsenfest davon überzeugt, dass das aber auch Ausdruck dessen war, dass ich jetzt zwölf Jahre als Abgeordneter mich auch sehr intensiv immer um die kommunale Ebene gekümmert habe, einen sehr engen Kontakt zu den Gemeinden, und dass das natürlich auch ein Ausdruck war, vielleicht von persönlicher Wertschätzung und von Vertrauen, um dann jetzt im ersten Wahlgang schon direkt die absolute Mehrheit zu bekommen.”

Lëtzebuerger an der Grenzregioun

An der Grenzregioun liewen och vill Lëtzebuerger:innen. Déi kéinte sech zum Deel nach méi am lokale Veräins- a Gemengeliewen abréngen, mengt den SPD-Politiker. Hie versteet awer och, datt net jiddereen aus dem selwechten Holz geschnëtzt ass, an de Benevolat deemno net fir jiddereen eppes ass. 

“Das ist immer das allerbeste, wenn man die Nachbarschaft insofern lebt, dass wir auch im Ehrenamt in unseren Dörfern und Gemeinden einfach gemeinsam mit anpacken, dass wir uns gemeinsam zu als Heimat definieren.”

Bezuelbare Wunnraum wier och een Thema an der Äifelregioun. Duerch d'Lëtzebuerger Frontaliere géifen d’Logementspräisser an der Regioun an d’Luucht goen. Trotzdeem géif d’Regioun vun der Proximitéit zu Lëtzebuerg profitéieren. 

“Aber wir profitieren natürlich insgesamt als Region auch durch unsere Grenzgänger, die attraktive Arbeitsplätze in Luxemburg finden”

Äifelstreck: Besser Zuchverbindung op Köln 

Wat d’Zuchstreck tëschent Lëtzebuerg, respektiv Tréier a Köln ugeet, verweist de neie Chef vum Landrat op d’Land an de Bund. De Landkrees wier just fir den ëffentlechen “Nahverkehr” verantwortlech. Trotzdem géif ee probéieren säi Bescht ze maachen. 

Déi sougenannten Äifelstreck soll zweegleiseg ausgebaut ginn. Datt Lëtzebuerg sech elo hei net un de Käschte bedeelegt, wier schued mee kee Réckschlag. 

“Hier brauchen wir natürlich auch das Geld vom Bund, also von der Bundesrepublik Deutschland. Ich bin da zuversichtlich, dass wir da weiterkommen.”

Nieft de Passagéier géifen och verschidden Entreprise vun engem bessere Schinnennetz profitéieren. Den Nico Steinbach wäert sech eegenen Aussoen no net ënnerkréie loossen a weider op den zweegleisegen Ausbau pochen.