Lokal

Villerupt: Awunner:innen dierfe vu Beem mat gieler Markéirung Uebst plécken

Zu Villerupt kënnen d’Awunner:innen Uebst vu Beem plécken a consomméieren, wann déi Beem ee gielt d’Bändchen hunn. Déi franséisch Grenzgemeng huet sech dobäi un enger Lëtzebuerger Initiativ inspiréiert, déi et schonn a 75 Lëtzebuerger Gemenge gëtt. Pléckubest soll esou manner verbëtzt ginn.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

© 100,7 play_arrow
(Foto: 100,7)

Dës Initiative mam giele d’Bändche gouf gëschter offiziell vun der Gemeng vu Villerupt op der Franséisch-Lëtzebuerger Grenz lancéiert. Dëst a Presenz vun der CSV-Agrarministesch Martine Hansen a vu Vertrieder:innen aus dem Interreg-Programm Groussregioun an dem GECT, dem Groupement européen de coopération territoriale.

Erfollegräicht Konzept zu Lëtzebuerg

Mëttlerweil ginn et zu Lëtzebuerg 4.500 Beem, déi dat gielt Band droen. Zu Villerupt an a siwen anere Gemenge gouf déi Iddi kopéiert. Elleng zu Villerupt ginn et fir den Ament eng 70 Uebstbeem déi op ëffentleche Plazen oder Bongerte stinn. D’Zil vum Projet ass et awer och géint d’Liewensmëttelverschwendung ze kämpfen.

Lauschterenplay_arrow