D'RIAA ass an den USA d'Interessensgemeinschaft fir d'Museksindustrie an domat d'Schnëttstell tëschent Plackefirmen, Museklabelen a Consommateuren. Enger rezenter Etude no wieren déi éischt 6 Méint vum Joer 2026 an den USA däitlech a Richtung physesch Toundréier gaangen.
Deemno wier d'Vente vu physeschen Toundréier wéi CDen oder Placken ëm 25,9 % geklommen. Fir déi eenzel Medien ass d'Resultat esouguer nach méi eendeiteg. Fir d'Plack wier et ee Plus vu 17,7% a fir d'CDen esouguer ee Plus vun 58,6%. Och wann d'CD bedéngt duerch den digitale Wandel ganz hannen am Ranking lant.
Iwwerraschend ass et fir d'CD trotzdeem, déi lescht Joer nämlech nach mat engem Minus vu 7,8% ze kämpfen hat.
Am Moment géif sech de Marché an den USA deemno follgendermoosse gestalten: 56% vun de Leit géifen op bezuelte Streamingdéngschter setzen, 15% op gratis Streaming. Zesumme wier dat fir d'Branche ee Plus vu 4,7% am Joer 2026.
Vun 100 Leit géifen 12 Persounen op physesch Toundréier zeréckgräifen.
Wéi dësen Trend ze erklären ass, ass net eendeiteg festzehalen. Grënn fir de Boom kéinten déi aktuell bëlleg Maartpräisser vun CDe sinn, Floumäert oder och nach verstoppte Produktiounen an de Schief a Kartongskëschte vu Familljememberen, déi di jonk Generatioun elo erëmentdeckt.. Mee och aktuell Trend-Genrë wéi K-Pop a Rockbands géifen ëmmer méi nees speziell Editiounen un CDen erausbréngen. Wéi d'Situatioun sech fir déi nächst Joren an Europa entwéckele wäert, bleift och ofzewarden.
An der Klassikzeen hale Kënschtler:innen jo weiderhin dacks un CDe fest, fir nei Produktiounen ze vermaarten.
Déi ganz Etud gëtt et och ënner www.riaa.com fir nozeliesen.