Déi beschte jonk Talenter kënnen sech och 2026 nees am Concours de Genève beweisen, dëst Joer am Dirigéieren a Komponéieren. De Concours start elo a seng 80. Editioun.
Vum 6. bis den 13. November leeden d’Finalistinnen an d’Finalisten den Orchestre de la Suisse Romande. D’Finalisten am Fach Kompositioun sinn d’Sing Yat Chen aus Hongkong, den Hanurij Lee aus Südkorea, an de Brasilianer Rafael Marino Arcaro.
Och d’Halleffinalisten am Dirigéiere sti scho fest.
De Jury gëtt geleet vun der Unsuk Chin an dem Bertrand de Billy.
Et ass iwweregens eemoleg, datt Kompositioun an Direktioun an engem Concours de Genève virkommen. Och huet een an der Kompositioun mat 188 Bewerbungen aus 46 verschiddene Länner souvill wéi nach ni erreecht.
Dotéiert ass de Concours fir de Gewënner an der Kategorie Dirigéiere mat 15.000 CHF, an der Kompositioun mat 20.000 CHF. Zousätzlech duerf een als Gewënner:in un engem Fërderprogramm deelhuelen.
Nächst Joer ass et nees um Piano a fir eng éischte Kéier och der Barockgei. D’Umeldunge fir d’Editioun 2027 sinn nach bis den 23. Mäerz 2027 um Site vum Concours de Genève.
Bekannte Gewënnerin vun dësem Concours ass iwweregens och d’Martha Argerich am Joer 1957 gewiescht.