Den 9. Dezember 2026 gëtt an der Rockhal zu Esch déi drëtt Editioun vun de Lëtzebuerger Musekspräisser ofgehalen.
Mat dësem Präis zeechent een d'Kënschtler an Talenter aus der nationaler Musekszeen fir hiert Wierken an hir Leeschtungen aus.
Ausgezeechent gi kënnen all Museker:innen a Fachleit, déi zu Lëtzebuerg wunnen oder hei gebuer sinn. Dobäi gëtt all Alter a Museksgenre berücksichtegt.
D'Gewënner:inne vum Lëtzebuerger Musekspräis ginn an zwou Ronne vu Vertrieder aus der Kulturzeen gestëmmt, dat unhand vu Proposen déi erakommen.
Dëst Joer ginn et siwe Kategorië vu Gewënner:innen:
- Op der Bün - Klassesch an zäitgenëssesch Musek
- Op der Bün - Jazz/ Blues/Weltmusek
- Op der Bün - Verstäerkte Musek
- Hannert der Bün
- Beschte Komponist:in
- Nowuesstalent
- Fräizäitmusek
Nei ass och, datt de Jury fir déi final Gewënner:innen ze bestëmmen op siwe Membere gewuess ass.
Verdeelt gëtt de Lëtzebuerger Musekspräis all zwee Joer vum Kulturminister, aktuell dem Eric Thill.
D'Tickete fir un der Präisiwwerreechung deelzehuele si gratis, et muss een awer eng Plaz reservéieren ënner www.rockhal.lu