Den Numm Leonard Bernstein duerf op kenger Dirigentelëscht vu Superstaren, op kengem grousse Concertsprogramm mam Bléck op d’20. Joerhonnert feelen.
De Chef vum New York Philharmonic, dem City Symphony a laangjärege Gaascht zu Wien an Israel schreift erfollegräich Bünewierker fir West Side Story a Candide an ass um Broadway ze héieren.
Am Joer 1943 huet hien am Alter vu 25 säi spontanen Debut als Dirigent, well de Bruno Walter den New Yorker Philharmoniker ofsoe muss. D’New York Times bréngt de Leonard Bernstein vu Begeeschterung op d’Titelsäit.
Hien hëlt mat de gréisste Staren a Labelen CDen op, geet op sëllegen Tournéeën. Besonnesch d’Musek vum Mahler läit him um Häerz. Och deen ass hallef Dirigent, hallef Komponist gewiescht! Hie beschreift dem Mahler seng Musek als Häerzattacken, seng Kadenzen als Passagen an deenen ee vu Péng erléist gëtt.
63 Mol ass de Bernstein fir ee Grammy nominéiert, 16 kann en ofstëbsen. Dozou 7 Emmys an den 8. Februar 1960 souguer ee Stär um Walk of Fame zu Los Angeles.
Bis zu sengem leschte Concert, den 19. August 1990, ass de Bernstein een Held fir Jonk an Al, déi mat klassescher Musek frou sinn. Déi 7. Sinfonie vum Beethoven mam Boston Symphony Orchestra ass awer säi finale Coup. Hien ass geschwächt, krank. Am drëtte Saz léisst seng Kraft no, hie schnaapt no Loft.
Nom Optrëtt geet de Bernstein vun der Bün a seet zu de Leit hanner der Bün: “It’s over.”
Just nach Komponéieren, keen eenzege Concert méi. De 14. Oktober 1990 stierft de Leonard Bernstein am Alter vun 72 Joer.