Véier Komponisten op de Spuere vun engem (imaginäre) Spuenien: den Harfenist Xavier de Maistre an den Tonkünstler-Orchester entféieren op eng musikalesch Rees ënner südlecher Sonn. Vun exoteschem Flair bis zu déiwer Melancholie - Esou wiesselhaft erschéngt Spuenien am Strauss sengem “Spuenesche Marsch”, dem Rodrigo sengem “Aranjuez-Concerto”, dem Massenet senger Balletsmusek an dem Ravel sengem onverkennbare “Boléro”. Dobäi waren zwee vun dëse Komponiste selwer ni do...
Programm:
Johann Strauss II (1825-1899): Spuenesche Marsch, Op. 433
Joaquín Rodrigo (1901-1999): Concierto de Aranjuez
Félix Godefroid (1818-1897): Carnaval de Venise (Zugab)
Jules Massenet (1842-1912): Balletsmusek aus der Oper "Le Cid"
Maurice Ravel (1875-1937): Boléro
Interpreten:
Xavier de Maistre (Harf)
Tonkünstler-Orchester Niederösterreich
Fabien Gabel (Dir.)
Dëse Concert gouf den 9. August 2025 am Wolkenturm zu Grafenegg opgeholl an de Matschnëtt ass nach bis den 19. August 2026 an der Mediathéik fir iech disponibel.