Dee magesche Klang vun der Flütt: wie kéint eis do besser op eng Rees an dem Mozart säin éischte Flütteconcerto entféieren, wéi de weltwäit bekannte Schwäizer Flüttist Emmanuel Pahud. Nieft dësem Wierk presentéiert den Orchestre Philharmonique de Radio France awer och aner summerlech ugehauchte Wierker vum Schubert a Mendelssohn.
Nolauschtere kënnt Dir dëse Concert nach bis den 19. Juli 2026 an eiser Opus-Mediathéik.
Programm
Franz Schubert (1797-1828): Ouvertür am italieenesche Stil a Ré Majeur, D. 590
Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791): Flütteconcerto Nr. 1 a Sol Majeur, K. 313
Felix Mendelssohn-Bartholdy (1809-1847): Suite "A Midsummer Night's Dream", Op. 61
Interpreten:
Emmanuel Pahud, Flütt
Orchestre Philharmonique de Radio France
Riccardo Minasi, Direktioun