E Concertsprogramm ganz am Zeeche vun der Gattung Pianosquartett: dëst hu sech déi 4 Museker geduecht an hunn dem Mozart säi Pianosquartett aus dem Joer 1785 zwou Kompositiounen entgéint gesat, déi quasi zäitgläich e Joerhonnert méi spéit geschriwwe goufen.
Den Ufank vum Programm mécht dem Éisträicher Wolfgang Amadeus Mozart säi Pianosquartett a Sol Mineur, deem seng 3 Sätz déi éischter klassesch Téin aus där deemoleger Zäit erklénge loossen. Och formal gesinn ass dëst Wierk ganz klassesch gehale mat engem séieren 1. Saz, engem luese Mëttelsaz an engem finale Rondosaz.
Den zweete Pianosquartett um Menu ass dem Gustav Mahler säin éischten an eenzegen aus dem Joer 1876. Deemools nach selwer als Student um Wiener Konservatorium, huet de Mahler sech zu dëser Zäit intensiv mat der Kompositioun vun enger ganzer Rei kammermusikalesche Wierker auserneegesat, vun deenen der haut awer leider vill net méi erhale sinn. Och bei dësem Pianosquartett ass just den 1. Saz erhale bliwwen. Trotz allem e Wierk, dat fir dem Mahler säi jonken Alter deemools schonn eng immens grouss Maturitéit opweist.
Als Ofschloss da gëtt et dem Johannes Brahms säi Pianosquartett op.60 aus dem Joer 1875. Am Géigesaz zum Mahler war de Brahms hei awer scho méi erfueren an der Kompositioun vu kammermusikalesche Stécker, mee awer huet besonnesch dëst Wierk hie vill Effort an Zäit kascht. Déi éischt Skizze vun dësem Wierk huet de Brahms schonn am Alter vun 22 Joer gemaach, mee hien huet d'Stéck eréischt Joerzéngte méi spéit fäerdeg geschriwwen.
Opgeholl gouf dëse Concert an der Salle de Musique de Chambre vun der Lëtzebuerger Philharmonie an Dir kënnt en nach bis den 10. Mee 2026 an der Mediathéik vum Opus nolauschteren.
Programm:
Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791): Pianosquartett a Sol mineur, KV 478
Gustav Mahler (1860-1911): Pianosquartett a La mineur
Johannes Brahms (1833-1897): Pianosquartett Nr. 3 an Do mineur, op.60
Interpreten:
Vlad Stanculeasa, Gei
Rumen Cvetkov, Braatsch
Anik Schwall, Cello
Joseph Moog, Piano