De Wolfgang Amadeus Mozart huet seng Concertoen fir Sträicher alleguer an der Zäit tëschent 1773 a 1779 geschriwwen, ma keen dovunner weist e wierklech prezisen Datum op. Säi fënnefte Concerto fir Gei an Orchester gouf zwar wuel 1775 komponéiert, ma tëschenduerch ass den Datum um Manuskript schonn op 1780 a spéider nees zeréck op den éischten Datum geännert ginn. Dëse Concerto stécht awer virun allem duerch déi tierkesch Elementer aus dem drëtten a leschte Saz eraus, engem Rondo, dee mat Amenter och un de bekannte "Rondo alla Turca" aus senger 11. Pianosonat erënnert. Op der Gei ass et hei déi däitsch-japanesch Geiistin Arabella Steinbacher, déi dëse Solo-Part interpretéiert. Am zweeten Deel vum Concert hëlt de russesche Komponist Pjotr Iljitsch Tschaikowski eis da mat a seng romantesch-wëll Alpenromantik, déi en a senger programmatescher Manfred Sinfonie duerstellt. Baséierend op engem Text vum Lord Byron, ass hei rieds vum Manfred, deen déi inzestuéis Bezéiung mat senger Hallefschwester Astarte muss opginn an doropshin an d'Alpe flücht. Ma och hei fënnt hie kee Fridden a rengt mat sech a senge Gefiller. Doriwwer erzielt dem Tschaikowski seng Sinfonie a 4 ganz ënnerschiddleche Sätz. Opgeholl gouf dëse Concert am Auditorium Rainier III zu Monte-Carlo a Monaco an dir kënnt en nach fir ee Mount an der Mediathéik vum Opus nolauschteren. Programm: Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791): Geieconcerto Nr. 5 a La Majeur, K. 219 ("Tierkesch") Pjotr Iljitsch Tschaikowski (1840-1893): Manfred Sinfonie a Si Mineur, Op. 58 Interpreten: Arabella Steinbacher, Gei Orchestre Philharmonique de Monte-Carlo Andris Poga, Dirigent
Vun tierkesche Geiekläng a wëller Alperomantik
play_disabled
Arabella Steinbacher (Foto: Mirco Taliercio)
Episoden
Vu klasseschem Glanz bis an den héijen Norden
Den Orchestre National des Jeunes du Luxembourg interpretéiert Haydn, Mozart a Sibelius.
Aus der Neuen Welt
Dem Beethoven säin 3 Pianosconcerto, dem Dvorak seng 9. an dem Moussa säi Quodlibet iwwer kanadesch Weisen
Herreweghe, Bach a Schubert
Tëschent Badinerie an engem Häerz, dat am Blutt schwëmmt.
Legenden an Temperamenter
Dräi Protagonistinnen, e leschten Optrëtt an e Bild an engem Wiertshaus
Romantesch Sinfonik inspiréiert vu Folklor
Female energies ... d'Delyana Lazarova dirigéiert zu Budapest: mat opulenter Romantik vu Sibelius, Tschaikowski an dem Dvořák säi Geieconcerto, mat der Solistin Lilia Pocitari
Hommage un de Georges Aperghis
Am Kader vum Festival Présences 2026 huet Radio France zu Paräis de Komponist Georges Aperghis geéiert, mat Musek vun him selwer a vu verschiddenen anere Komponisten.
Conversations et Caprice
Zwee Genien aus zwou ënnerschiddleche Welten
Mozart: Hanner der Legend
100 Prozent Mozart mam Orchestre de Chambre de Lausanne
Beethoven - Zelianko
Eng Lëtzebuerger Uropféierung vum Novemebr 2024 fir Nationalfeierdag
Tëschent Toskana a Broadway
Den italieeneschen RAI National Symphony Orchestra versetzt eis zeréck an d'Amerika vum 20. Joerhonnert
Op de Spuere vun der Flütt
Dem Mozart säin éischte Flütteconcerto mam Emmanuel Pahud
Musikalesch Collaboratiounen
Kammerata Luxembourg – Lieder eines fahrenden Gesellen
Pastorale
Lauschtert d'Deutsche Radio Philharmonie live mam Beethoven senger Pastorale an enger neier Pastorale fir Kammerorchester vum Brett Dean.
Les Classiques, with a twist
E Live-Matschnëtt vun de Solistes Européens, Luxembourg zesumme mam Solist Benjamin Beilman
En italieeneschen Dram
Orchesterromantik - inspiréiert aus Italien - e legendären Celloconcerto
Hommage un de Pierre Cao
De Pierre Cao huet dem Joseph Haydn säin Oratorium "Die Schöpfung“ dirigéiert.
Jean Muller spillt Schubert
Schätz aus der Romantik zu Maarnech: De Jean Muller interpretéiert Sonaten, Pianosstécker an d'"Wanderfantasie" vum Schubert
30 Joer Martin Elmquist
Den Orchester Luxembourg Philharmonia feiert säin Dirigent.
De Lieutenant Colonnel Jean-Claude Braun dirigéiert zu Cincinnati
De Live-Matschnëtt vum Optrëtt um Windfest 2026 aus dem Music Hall zu Cincinnati