E Concert, bei deem d'Grenzen tëschent der klassescher Musek an der Filmmusek verschwammen. Dat steet hanner dem Motto "Casser les murs". Op der grousser Bün an der Philharmonie um Kierchbierg spillen net nëmmen d'Musekerinnen a Museker vum OCL (Orchestre de Chambre du Luxembourg), mee mat dobäi sinn och de Mateusz Molęda um Dirigentepult an den Alban Gerhardt als Solist um Cello. Programm: • Wojciech Kilar: Orawa • Dmitri Schostakowitsch: Concerto fir Cello an Orchester Nr. 1 • Robert Schumann: Sinfonie Nr. 2 Interpreten: • Orchestre de Chambre du Luxembourg (OCL) • Alban Gerhardt, Cello • Mateusz Molęda, Direktioun
OCL mam Alban Gerhardt
play_disabled
Alban Gerhardt (Foto: Ben Ealovega)
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Schockmel
Episoden
Ostrava Days 2025
De Concert mat Neier Musek kënnt vun den Ostrava Days 2025, engem grousse Festival ganz ronderëm déi zäitgenëssesch Musek.
De Pianosquartett als 3-Gänge-Menu
E Concertsprogramm ganz am Zeeche vun der Gattung Pianosquartett. E kontrasträiche Programm voller Gefiller an interessanten Hannergrondgeschichten
ONJ live aus dem Mierscher Theater
Den Opus iwwerdréit de Fréijoersconcert vum Orchestre National des Jeunes du Luxembourg live. Um Programm: Mozart, Haydn a Sibelius.
Esou gouf deen neie Concertssall vun der Péitenger Museksschoul ageweit
Vu Barock bis Techno mam Francesco Tristano a mam Orchestre de Chambre du Luxembourg
Mirga Gražinytė-Tyla dirigéiert Schostakowitsch a Weinberg
Déi litauesch Dirigentin Mirga Gražinytė-Tyla leet den Orchestre Philharmonique de Radio France an deene jeeweils leschte Symphonië vum Schostakowitsch an dem Weinberg
Aus Beethoven gëtt Mendelssohn
Am Kader vum Schleswig Holstein Musikfestival reest den Hamburger NDR Sinfonieorchester zesumme mam Stargeiist Ray Chen op Lübeck.
E Concert ouni Konventiounen
D'Rising Star Valérie Fritz an de Pianist Mario Häring triede mat neier Musek op, déi a Kombinatioun mam César Franck senger bekannter Sonat opgeféiert gëtt.
D'Matthäuspassioun vum J. S. Bach
D'Nederlandse Bachverenigin an de Kampen Boys Choir interpretéieren dëst Wierk vum Johann Sebastian Bach.
E laang verkannte Pianosconcerto
Am Kader vum Galaconcert vun SOS Villages d'Enfants Monde an der Philharmonie vu Lëtzebuerg gouf e ganz variéierte Programm mat engem jonke, präisgekréinte Pianist presentéiert.
100 % Wiener Concert
An der schönen blauen Donau ... eng Musek déi fir d'Wiener eng inoffiziell Hymn ass. Op dësem Concert spillen d'SEL e Programm ganz passend zu der éisträichescher Haaptstad.
Vun tierkesche Geiekläng a wëller Alperomantik
D'Arabella Steinbacher spillt dem Mozart säi fënnefte Geieconcerto, net fir näischt gëtt dësen och nach den "Tierkeschen" genannt. Donieft dem Tschaikowski seng Manfred-Sinfonie.
Den Herbert Blomstedt mat zwou Chouersymphonien
De weltwäit berüümten Dirigent leet dem Igor Stravinsky seng "Psalmesymphonie an dem Mendelssohn seng Lobgesangsymphonie, mam NHK Symphony Orchestra an dem Schwedesche Radiochouer.
Fréier Schüler - Den Duo Encordé a Samare
Ee Concert mat ancien Schüler:innen aus dem Escher Conservatoire suergt mat Virtuositéit a ganz vill Gefill fir eng ofwiesslungsräich rencontre.
09h00 - 12h00: Lëtzebuerger Bach-Moien
mam Francesco Tristano, Anne Galowich, Jean Muller, Françoise Groben, Ernie Hammes, Sabine Weyer, Carlo Jans, ...
09h00 - 12h00: Lëtzebuerger Bach-Moien
mam Francesco Tristano, Anne Galowich, Jean Muller, Françoise Groben, Ernie Hammes, Sabine Weyer, Carlo Jans, ...
09h00 - 12h00: Lëtzebuerger Bach-Moien
mam Francesco Tristano, Anne Galowich, Jean Muller, Françoise Groben, Ernie Hammes, Sabine Weyer, Carlo Jans, ...
Musekalesch Selbstbestëmmtheet
D’Orchestermuseker verwandelen sech a Solisten an a Chambristen
Mat lénks
Aussergewéinlech Wierker vum Beethoven, Ravel an Richard Strauss
Vum Grafsteen zum Monument
Den Orchestre de la Suisse Romande ënner der Direktioun vum Jonathan Nott huet op ee méi nodenkleche Concert invitéiert.