An engem 250 Säite laange Rapport mam Titel "Projet Eliminatioun" kënnt d‘Mënscherechtsorganisatioun B‘Tselem zur Conclusioun, datt Israel bewosst all Méiglechkeet, fir datt d‘Palästinenser eng eegen Natioun kënne ginn, eliminéiert.
Duerch Gewalt a Restriktioune géint Palästinenser am Westjordanland géif déi israeelesch Regierung dëst bewosst verhënneren.
Déi israeelesch Regierung kritt och sozial a politesch Destruktioun, grad ewéi ethnesch Säuberung an territorial Eruewerung virgehäit.