Gaza

Gebai fält no israeeleschen Attacken an e Koup: Op d'mannst 8 Doudeger a Gazasträif

D'Israel verschäerft seng Attacken op d'Gazasträif a Palästina op en Neits. Dobäi wier, israeeleschen Aussoen no, een Hamas-Kommandant ëm d'Liewe komm. Duerch d'Bombardementer ginn d'Haiser an d'Gebaier beschiedegt.

auto_stories

1 min

© EPA/MOHAMMED SABER
(Foto: EPA/MOHAMMED SABER)

Ee Gebai vu sechs Stäck ass an der Nuecht an de Koup gefall. Dobäi sinn op d'mannst aacht Mënsche gestuerwen, weider 60 Mënsche gi vermësst. Dorënner sinn och vill Kanner. 

Iwwer 73.000 Palästinenser sinn duerch déi israeelesch Attacken an Ugrëff zënter Oktober 2023 gestuerwen. Iwwer 174.000 Leit goufen dobäi blesséiert. Dem UNO-Mënscherechtsgeriichtshaff no erfëllen déi israeelesch Ugrëff op d'Mënschen an der Gazasträif véier vu fënnef Kritäre fir als Genocide ze gëllen.