Asien

Néng Deeg no der Flutwell-Katastroph: Zwee Aarbechter a Nepal aus engem Tunnel gerett

E puer Honnert Aarbechter goufen duerch d'Bullislawinen a verschidden Tunnelle an der Regioun blockéiert. Weider Rettungsaktioune lafen. Den Autoritéiten no, géif gehofft ginn, datt nach weider Aarbechter kënne gerett ginn.

auto_stories

1 min

Rettungsekippe sichen no vermëssten Aarbechter vun engem Waasserkraaftwierk a Rasuwa, Nepal  | © EPA/NEPAL ARM
Rettungsekippe sichen no vermëssten Aarbechter vun engem Waasserkraaftwierk a Rasuwa, Nepal (Foto: EPA/NEPAL ARM)

D‘Rettungsekippen hu Sprengungen bei den Tunelle gemaach a Sauertstoff eragepompelt. Iwwer 500 Aarbechter goufen an Tunelle blockéiert. Den ëmmer nach virleefege Bilan vun der Katastroph läit bei iwwer 1.200 Doudegen. Bal 5.000 Leit ginn nach vermësst. 

Op chineesescher Säit ass den Doudesbilan op 31 geklommen, mellen déi chineesesch Medien.