Et gouf eng grouss ugeluechte Police-Operatioun an der Belsch, Holland, Frankräich an Irland, bei där iwwer 200 Poliziste dru bedeelegt waren.
Dausende Päerd goufe kontrolléiert. Et besteet de Verdacht, datt do am grousse Stil illegal mat Päerd gehandelt gouf, déi mat falsche Pabeieren a ganz Europa weider verkaaft goufen.
Wéi Europol schreift, wieren och Päerd an d‘Liewensmëttel-Ketten emgeleed ginn. Déieren, déi net fir de Konsum geduecht waren, wieren illegal a Schluechthaiser geliwwert ginn.