Klimapolitik

Serge Wilmes: "Mir kënnen d’Klimaziler net erreechen, wann een d’Leit net mathëlt"

Hëtzt, Dréchent a Bëschbränn hunn de Summer dominéiert. Do hätt ee sech eventuell méi Presenz vum Ëmweltminister Serge Wilmes erwaart. Deen huet sech de Summer iwwer awer rar gemaach. Dobäi huet de Summer jo eng Rëtsch Argumenter geliwwert, firwat een d’Klimapolitik méi eescht huele sollt.

auto_stories

5 min

headphones

13 min

De Serge Wilmes | © Radio 100,7 play_arrow
De Serge Wilmes (Foto: Radio 100,7)

De Serge Wilmes selwer bestreit am 100,7-Interview, datt ee vun him wärend der Summervakanz näischt héieren hätt. 12 Communiquéë wieren an där Zäit a sengem Numm verschéckt ginn.

Datt den Interview mam Ëmweltminister awer réich elo stattfënnt, obwuel e virum Summer schonn ugefrot ginn ass, hätt mat zäitleche Contrainten ze dinn, erkläert de Serge Wilmes.

Reaktioun op d'Aussoe vum Paul Galles

A senger Plaz huet säin CSV-Parteikolleeg Paul Galles um Mikro vum 100,7 Kloertext geschwat. Den 12. August huet de President vun der Chamber-Ëmweltkommissioun d’Regierung dozou opgefuerdert, a Saache Klimapolitik eng Schëpp drop ze leeën.

De Serge Wilmes begréisst dem Paul Galles seng Ambitiounen. Déi géing den Deputéierte mat der Regierung deelen.
Dat ass dem Minister seng Interpretatioun, well et huet awer éischter esou geklonge gehat, wéi wann dem Paul Galles d’Ambitioune vun der Regierung eeben net duerginn. 

Serge Wilmes: D'Leit vergiesse ganz séier

Elo, e gudde Mount dono, steet den CSV-Ëmweltminister am 100,7-Interview also Ried an Äntwert, an de Summer huet drop an derwidder Argumenter geliwwert, fir méi a Saache Klima- an Ëmweltschutz ze ënnerhuelen.

Och déi grouss Majoritéit vun der Populatioun war erféiert. Ass d’Bevëlkerung elo esou sensibiliséiert, datt een déi nächst Schrëtt an der Klimapolitik woe kann?

De Serge Wilmes ass sech do net esou sécher. Et wier bewisen, datt d’Leit séier nees vergiessen, warnt hien. Doriwwer eraus mengt hien net, datt “nächst Schrëtt” elo schonn néideg sinn, schliisslech géingen déi aktuell Mesurë scho gräifen.

“Matzen am Summer hu mir eng wichteg Communicatioun gemaach, déi net grouss opgegraff ginn ass. (...) datt mir grad bei den Emissiounen national staark amgaange sinn, rof ze goen. 2025 hu mir minus 3,5 Prozent CO2-Emissioune gehat par rapport zu 2024.”

Dozou muss een allerdéngs och soen, datt d’Resultater staark jee no Secteur variéieren. Dat wier wuel richteg, seet de Serge Wilmes, mee ënner dem Stréch géing d’Klimapolitik aktuell hir Friichten droen an d’Mesurë wieren zilféierend.

Bëschbränn virun eiser Hausdier

Mee ganz vun deene Resultater léisst och de Minister sech net blenden. Hie betount, datt ee virun allem am Bësch d’Konsequenze vum Klimawandel observéiere kéint: Dréchent, krank Beem, Äscht déi roffalen a Leit blesséieren. Zu gudder Lescht natierlech och d’Bëschbränn.

“Net just op der Tëlee gesi mir dat, mee dat kann och hei zu Lëtzebuerg virkommen.”

Doriwwer eraus mécht den CSV-Minister drop opmierksam, datt een am Hierscht och mat Staark-Reen an Iwwerschwemmunge rechne muss. Mee dorop wier een ëmmer besser virbereet, notamment wéinst de Renaturéierunge vun de Flëss.

Si verschidde Regierungs-Entscheedungen net kontraproduktiv?

Gläichzäiteg huet d’Regierung an der rezenter Vergaangenheet awer och Mesuren decidéiert, déi an eng ganz aner Richtung ginn.

Op der Tripartite ass decidéiert ginn, datt déi fossil Energië bis Enn dës Joers nach subventionéiert ginn.

De Steiersaz fir Plug-In-Hybriden, déi als Firmenauto benotzt ginn, ass vun 2 op 1 Prozent erofgesat ginn. Dat obschonn déi Plug-In-Hybriden zum Deel e méi staarken CO2-Ausstouss hunn, well wa se net opgeluede si muss de Verbrennermotor deen Defizit wechmaachen.

Den Ëmweltminister verweist bei deene Beispill op déi zäitlech Begrenzung. Och de STATEC hätt der Regierung virgerechent, datt d’Klimaziler doduerch net a Gefor wieren.

Doriwwer eraus wier de Plug-In an der EU als E-Auto agestuuft. E wier also – wann e richteg benotzt gëtt – en Deel fir d’Zil an der E-Mobilitéit ze erreechen.

“All esou zousätzlechen Auto bréngt eis méi no un dat Zil, dat mir wëllen erreeche bis 2030.”

Perspektiv a Verlässlegkeet schafen

Retarde ginn et allerdéngs am Beräich vun der Heizung. Ass do eventuell eng Offensiv geplangt?

De Minister reagéiert liicht gereizt a verweist op dat, wat virun der Summervakanz an der Chamber unanime ugeholl ginn ass: En neie Klimabonus wunnen, also nei Finanzhëllefen, déi bis 2030 verlängert gi sinn. Dat géing jidderengem eng Perspektiv a Verlässlegkeet ginn, seet de Serge Wilmes.

Dobäi kéim d’Prefinanzéierung vu Wäermepompelen an den Elektromobilitéitsbonus fir E-Autoen an de Leasing social fir E-Autoen. All dat géing hëllefen, d’Ziler méi séier ze erreechen.

Incentive amplaz Verbuet

Déi aktuell Klimapolitik berout momentan also dorop, Incentiven ze ginn - d’Leit also mat finanziellen Hëllefen zu eppes ze bréngen. Mee stéisst dee System net awer iergendwann u seng Limitten?

De Serge Wilmes mengt net, datt een aktuell méi streng oder restriktiv misst ginn. Virun allem net, wann ee kucke géing, wéi vill PV-Anlage rezent gebaut gi sinn.

“Eppes muss ee kloer soen: Et gi kloer Ziler an Ambitiounen. Dat sinn Efforten, déi verlaangt ginn. Mee fir dohin ze kommen ass et wichteg, ze motivéieren. (...) Mir kënnen d’Ziler net erreechen, wann een d’Leit net mathëlt, hinne Loscht mécht.”

De Klima géing net nerven, seet de Serge Wilmes. Datt d’Klimapolitik awer nerve kann oder muss, dorop ass hien net direkt agaang.

Kloer wier awer, datt komplizéiert Prozeduren a Restitutiounen net hëllefen, d’Leit ze motivéieren. An dat – dat ass am Interview kloer ginn – schéngt eng Haaptprioritéit vum Ëmweltminister ze sinn.

Lauschterenplay_arrow