Däitschland

Verdächtegen no Mord zu Stade dout an Zell fonnt

De 45 Joer ale Mann, dee verdächtegt gëtt Enn Juni an engem Mamm-Kand-Institut zu Stade sechs Mënschen ëmbruecht ze hunn, ass an der Untersuchungshaft gestuerwen.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa/NEWS5 | Fabian Höfig
(Foto: picture alliance/dpa/NEWS5 | Fabian Höfig)

Ee Mataarbechter vum Prisong huet de Mann a senger Zell fonnt, esou de Justizministère vun Niedersachsen. De Samu-Dokter huet den Doud duerch Stranguléierung festgestallt.

D’Enquêteure ginn aktuell vun engem Suizid aus. Et géif keng Indicen op eng friem Bedeelegung ginn. D’Famillje vum Verstuerwenen an och vun den Affer wiere informéiert ginn.

Sträit ëm d’Garde parentale als Hannergrond

De Mann soll Enn Juni an enger Mamm-Kand-Einrichtung zu Stade sechs Persounen erschoss hunn. Ënner den Affer waren dräi Mataarbechter:inne vum Jugendamt Hannover an dräi Persoune vun der Ariichtung zu Stade.

De Sträit ëm d’Garde parentale vun der deemools dräi Méint aler Duechter soll den Hannergrond vun der Dot gewiescht sinn. D’Police hat nom Tëschefall géint de Mann wéinst Mord ermëttelt.